Facebook Säit vun de Volvo-Frënn

Op eiser Volvo-Frënn Facebook Säit fannt dir ëmmer déi aktuellsten Norichten, cool Fotoen wéi och Videoen. Aktuell sinn iwwer 250 Leit aus der ganzer Welt déi eis iwwer Facebook suivéieren, mir hunn esouguer e puer Fans aus Brasilien an Thailand.

New Volvo Concept Car

Eischt Fotoen vum neien Concept car op Basis vun der CMA Plattform sinn an deenen nächsten Deeg op der Social Media Plattform vun Snapchat vun Volvocarsglobal ze fannen.

Première zu Lëtzebuerg vum neien S90

350 Leit haten sech op der Cloche d'or afonnt fir den neien S90 ze entdecken. Virum "Drosbach" Gebai um Wee fir an d'Déifgarage war e Stau bal just mat Volvo'en, esou e Stau hunn mir nach ni gesinn ;-) . Tëscht der Déifgarage huet Volvo eng Navette ugebueden, natierlech mat enger ganzer Flott vun neien XC90.

De Volvo S90 gouf ënnert anerem vum René Aerts (Corporate Communication Director Volvo Car Belux) presentéiert. Nodeems den S90 devoiléiert war, huet keen sech d'Geleeënheet entgoe gelooss fir den S90 am Detail ze kucken an dra Platz ze huelen. Den Auto ass immens gutt bei den Leit ukomm, banne wéi baussen. Bei klenge schwedesche Spezialitéiten an bei engem gudde Glas Schampes a Wäin huet den David Goldrake nach d'Publikum verzaubert mat sengem Zaubertricks.

Zum Schluss krut nach all Mënsch den neien S90 geschenkt, leider awer nëmmen am 1/43.

Fotoen vun dësem Event an eiser Fotogalerie

Volvo-Frënn ennerwee mat der Antonov AN2

Den 1. Mai stoung bei de d'Volvo-Frënn mol eng Kéier net en Volvo als Héichpunkt um Programm, mee eng Antonov AN2.  Eis 2 Kollegen, de Chris VANNIEUWENHUYSE an den Henri REITER déi och mat op de Vomac a Schweden waren hunn eis et erméiglecht mat dësem Doppeldecker vun 1969 mat ze fléien.

Déi 2 éischt Equipë ware prett fir mat ze fléien, leider wéinst der dach relativ staarker Loft konnt den éischten Depart net wéi virgesinn um 15.00 Auer starte mee eng gutt Zäit méi spéit. All déi Leit déi déi puer Stonne gewaart hunn, bis de Wand sech e bëssi gelooss huet, sinn dono awer net enttäuscht ginn. Fir mat deem Fliger do matzefléien ass en eemoleg Erliefnis a war einfach mega...

All d'Informatiounen iwwer déi Antonov AN2 sinn op der Internetsäit vum Antonov-Club ze fannen: www.an2.lu

Mir wëllen dem Chris an dem Heng heimatter nach eng VILLMOOLS MERCI soen fir dat super flott Erliefnis!

Fotoen an eiser Fotogalerie.

 

Read more: Volvo-Frënn ennerwee mat der Antonov AN2

IVM 2016

 25.- bis 28. August in der Fächerstadt KARLSRUHE

Das Programm und die Anmeldung sind auf der Internetseite des "Volvo-Club Deutschland" zu finden: Link

Le programme et l'inscription peuvent être retrouvés sur la page web du "Volvo-Club Deutschland" : Lien