Volvo Cars Gent

Den 27 Oktober waren 33 Leit op Gent fir d'Volvo Fabrik kucken ze goen. De Rendez-vous war moies mat Kaffi a Croissant bei Autopolis. Dono ass et a Richtung Gent zesumme mam Bus gaangen. Mëttes krute mir en 3 Gänge Menü an der Fabrik selwer zerwéiert. 2 Guiden hunn eis dunn duerch d'Fabrik gefouert wou aktuell den V40, S60 an XC60 gebaut ginn. Dat nächst Joer kënnt den V60 nach dobäi bis da schliisslech déi ganz Fabrik ëmgebaut gëtt fir déi nächst Generatioun vun der 40er Baureih hei ze bauen. No enger interessanter Visite ass et dunn erëm per Bus a Richtung Lëtzebuerg gaangen. Der Equipe vun Autopolis en decke Merci fir dass mir d'Méiglechkeet krute fir d'Volvo Fabrik kënne kucken ze goen.

Fotoen