Fréijoerstour 2016

Esou richteg schéngt dat gutt Wieder 2016 einfach net wëllen ze kommen. Dat krute mir och dës Joer bei eisem Fréijoerstour mat. Et hätt sollten e Rekord gi mat bal 50 Participanten.
Wéinst deem schlechte Wieder an och anere Grënn hunn sech dunn awer nach bal 15 Leit an der leschter Woch ofgemellt. D’Wieder hat eis och nach kuerz virdrun e Strech duerch Rechnung gemat, well eng Strooss duerch en Äerdrutsch een Dag virun eisem Rallye gespaart ginn ass. Mee engem Volvo mëscht dat awer näischt aus an d’Stëmmung op eisem Tour war wéi ëmmer excellent.


Bei Autopolis-Nord ass et Kaffi a Croissant ginn a vill schéi Volvo konnte bestaunt ginn (leider waren déi aalereelste Modelle wéinst de schlechte Wiederprevisiounen an der Garage bliwwen) mee eng Partie 240 an Amazon waren awer vertrueden. Duerch flott Stroossen ass et a Richtung Wëlwerwolz an de Garage Alcar gaangen deen eis e gudden a flotten Apero zerwéiert huet.
Et war dunn net méi wäit bis op Munzen wou eise BBQ um Programm stoung. No dem villen Iesse konnten eis leit sech nach um Dag vum Ardennerpäerd a Bëschfest bei ville Stänn ëmkucken.
Dono ass et mat engem klenge Schlenker an Däitschland a Richtung Cliäaref gaangen. Hei stoung e Visite an der ganz bekannten Ausstellung vum Edward Steichen um Programm déi op der Unesco Weltkulturerbe Lëscht drop steet. 2 Guiden hunn eis am Detail duerch déi ganz interessant Ausstellung gefouert.

Fotoen